Dëse Freideg, 27. Februar gëtt et an der Philharmonie e grousse Concert, bei deem déi jonk éisträichesch Cellistin Julia Hagen als Solistin op der grousser Bün spillt. Net eleng, mee zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Renaud Capuçon als Dirigent. De Renaud Capuçon ass nämlech net nëmmen aktiv als Concertsgeiist op weltwäite Bünen, mee och als Dirigent. D’Julia Hagen huet scho fir vill Concerte mat him kollaboréiert a schätzt säin Engagement fir jonk Musekerinnen a Museker immens.
Am Mëttelpunkt vun hirem Concert steet de Concerto fir Cello vum grousse Romantiker Robert Schumann, e Wierk, bei deem een och seng méi negativ oder schwaach Säite weise muss. Dat ass eppes, wat d'Julia Hagen awer och an hirem private Liewe mécht.