De Sonndeg de Moien (01.03.) ass um 11 Auer e Concert am Cercle Cité, op deem ausschliisslech Musek vum Pierre Nimax senior, mat Fokus op Gesank a Sträicher, opgeféiert gëtt. Professeren a Schüler:innen aus dem Stater Conservatoire trieden am Cercle Cité ënner der Leedung vum Pierre Nimax junior op.
Déi meescht Wierker sinn aus der spéider Schafensperiod. Eng Kompositioun, déi deen 2021 verstuerwene Komponist 2019 geschriwwen huet, gëtt dobäi uropgeféiert. De Pierre Nimax junior verréit, firwat déi meescht Wierker mat Sträicher automatesch Spéitwierker vu sengem Papp sinn.