Eng Zäitrees bei de Louis XIV

headphones

20 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Ënner dem Titel "Au temps de Louis XIV" gëtt d’Erëffnung vum 40. Klenge Maarnicher Festival wéi och de 25. Gebuertsdag vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette gefeiert. Den éischte Concert ass de 14. Mäerz um 8 Auer owes zu Hengescht an der Kierch an deen zweete Concert ass sonndes, de 15. Mäerz um 5 Auer nomëttes an der Kierch zu Lëntgen. De Programm versprécht eng Rees an d’Häerze vum franséische Barock. Mat dobäi sinn d'Vokalensembelen Ambitus an INECC-Sequenda, esou wéi den Instrumentalensembel Les Goûts réunis.

Niewent dem Charpentier sengem Te Deum ginn och Wierker vum Jean-Philippe Rameau, Jean-Baptiste Quentin a Jean-Joseph Cassanéa de Mondonville interpretéiert.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

5. Editioun vum Catch Music Festival

5. Editioun vum Catch Music Festival

De Festival gouf mam Zil gegrënnt fir erfueren, lokal Museker:inne mat neien Talenter op eng Bün ze bréngen.
headphones

4 min

play_arrow
Eng Zäitrees bei de Louis XIV | © INECC

Eng Zäitrees bei de Louis XIV

Ënner dem Titel "Au temps de Louis XIV” gëtt d’Erëffnung vum 40. Klenge Maarnicher Festival an och de 25. Gebuertsdag vun de RMVA gefeiert.
headphones

20 min

play_arrow
D'NS-Landesmusikschule Luxemburg | © Herbert Ahrens, Photothèque de la Ville de Luxembourg

D'NS-Landesmusikschule Luxemburg

Den 10. Mee 1940 verännert sech alles zu Lëtzebuerg: Déi däitsch Wehrmacht kënnt un de Pouvoir a kontrolléiert alles, inklusiv d'Kulturinstitutiounen.
headphones

5 min

play_arrow
175 Joer Sängerbond Diekirch | © Pierre Weber

175 Joer Sängerbond Diekirch

Ee vun den traditiounsräichste Gesangsveräiner am Land feiert mat enger grousser Serie u Concerten.
headphones

3 min

play_arrow
Live Concert de Sonndeg um Opus

Live Concert de Sonndeg um Opus

Mozart, Mélanie Bonis a Carl Nielsen stinn um Programm vum Concert, deen den Opus de Sonndeg Moie vun 11 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
headphones

3 min

play_arrow
“Eng sinfonesch Filmmusek-Samba” | © Jo Diseviscourt

“Eng sinfonesch Filmmusek-Samba”

Spirito Fausti: eng nei Kompositioun vum Georges Sadeler mat Elementer aus Lidder vum bekanntste Lëtzebuerger Entertainer
headphones

5 min

play_arrow
"Blackmail" vum Hitchcock mat Livemusek an der Philharmonie | © Marco Ehrhardt

"Blackmail" vum Hitchcock mat Livemusek an der Philharmonie

De bekannten Dirigent fir Filmconcerten Frank Strobel huet schonn dacks mat de Lëtzebuerger Philharmoniker kollaboréiert. Den nächste Rendez-vous ass "Blackmail" vum Hitchcock.
headphones

19 min

play_arrow
Neie Beethoven Album vun der Alena Baeva | © Matthew Johnson

Neie Beethoven Album vun der Alena Baeva

D'Geiistin Alena Baeva an de Pianist Vadym Kholodenko kenne sech schonn zanter 20 Joer an elo koum hiren éischten Album mat Sonate vum Beethoven eraus.
headphones

3 min

play_arrow
Vivaldi an Heavy Metal op engem Concert? | © Wikipedia

Vivaldi an Heavy Metal op engem Concert?

Dat versprécht de Stuttgarter Kammerorchester de 6. Mäerz am Trifolion.
headphones

4 min

play_arrow
Pierre Nimax senior: Concert en mémoire, mee mat Uropféierung | © BNL

Pierre Nimax senior: Concert en mémoire, mee mat Uropféierung

Professeren a Schüler:innen aus dem Stater Conservatoire trieden am Cercle Cité ënner der Leedung vum Pierre Nimax junior op.
headphones

4 min

play_arrow
Eng Cellistin, déi kee Problem huet hir schwaach Säit ze weisen | © Julia Wesely

Eng Cellistin, déi kee Problem huet hir schwaach Säit ze weisen

Déi jonk éisträichesch Cellistin Julia Hagen spillt de Freideg hiren éischte Concert hei am Land, an der Philharmonie mam Renaud Capuçon als Dirigent.
headphones

3 min

play_arrow
Aweiungsconcert zu Péiteng -Tristano meets OCL | © Quell: www.francescotristano.com / photos

Aweiungsconcert zu Péiteng -Tristano meets OCL

Dëse Freideg gëtt déi nei Péitenger Musekschoul mam fonkelneie Concertssall ageweit. Den Highlight ass ee Concert mam Orchestre de Chambre du Luxembourg an dem Francesco Tristano.
headphones

5 min

play_arrow
Amazonen am Groussen Theater | © Laura Arend

Amazonen am Groussen Theater

Ënner dem Titel "Ballet pour les amazones d’hier et d’aujourd’hui" ginn am Groussen Theater d’Frae vu gëschter a vun haut geéiert.
headphones

4 min

play_arrow
Am Dial'Orgues d'Instrument kenneléieren | © Foto lénks: Pexels / Foto riets: ©Lex Kauffmann

Am Dial'Orgues d'Instrument kenneléieren

Den Alessandro Urbano ass Titulaire-Organist vun Diddeleng an organiséiert reegelméisseg Dial’OrgueS, en Treffe fir Interesséierter, déi d’Instrument Uergel kenneléiere wëllen.
headphones

5 min

play_arrow
Musek a Léift | © Unsplash

Musek a Léift

Jiddweree vun eis hat schonn Erfarung mam Gefill vun der Léift. Ob déi Erfarung positiv oder negativ war, ka Musek sécher dobäi hëllefen, déi Gefiller ze veraarbechten.
headphones

17 min

play_arrow
SEL, mee méi kleng | © Thommy Mardo, Ettore Causa, Borislav Zhyukov, Michal Stolorz

SEL, mee méi kleng

D'Concertserie SEL Camerata bitt Museker a Frënn vun de Solistes Européens, Luxembourg eng Bün fir Kammermuseksconcerten. Den nächsten ass den 23. Februar an der Philharmonie.
headphones

3 min

play_arrow
It's all about sharing the joy of music! | © Inês Rebelo de Andrade

It's all about sharing the joy of music!

Den Owend (11.2.) stinn zwou Starmusekerinnen zesummen op der Bün an der Philharmonie: d'Dirigentin Elim Chan an d'Pianistin Hélène Grimaud.
headphones

21 min

play_arrow
Nei Péitenger Musekschoul | © Lex Kauffmann

Nei Péitenger Musekschoul

De 27. Februar ass déi grouss Aweiung - wat ass alles nei a wat steet deen Dag um Programm?
headphones

10 min

play_arrow
Vum Parlament an den Theater | © Fredrik Altinell

Vum Parlament an den Theater

“Zu unseren Schwestern, zu unseren Brüdern” ass en Diptyque opératique, deen déi europäesch Mënscherechtskonventioun mat enger Oper vum Viktor Ulmann verbënnt.
headphones

5 min

play_arrow
15 Joer CantoLX | © Quell: CantoLX

15 Joer CantoLX

De Lëtzebuerger Ensembel CantoLX huet sech an deene leschte 15 Joer zënter der Grënnung een Numm an der Renaissance a Barockmusek-Zeen gemaach.
headphones

3 min

play_arrow