Am Kader vum Klenge Maarnecher Festival huet de Lëtzebuerger Pianist Jean Muller schonn am Abrëll 2022 mat dësem Projet ugefaangen. Hien huet sech virgeholl sämtlech Pianosonate vum Franz Schubert ze spillen. Elo no véier Joer kënnt dëse Projet mam Ofschlossconcert dëse Sonndeg, den 19. Abrëll 2026 op en Enn.
Als Live-Invité am Harmonesche Moien schwätzt de Jean Muller iwwer dësen Challenge a seng perséinlech Entwécklung wärend dëser Zäit.