Wien d’Mëttegpaus notze wëllt fir e klenge Kulturausfluch ze maachen, dee kann den Dënschdeg, 28. Abrëll an d’Philharmonie goen. Do gëtt et um hallwer 1 am Espace Découverte de sougenannte Midi Baroque. D’Cembalistin Anne-Catherine Bucher interpretéiert déi 2. Partita an Do mineur an déi 5. Franséisch Suite vum Johann Sebastian Bach a si gëtt gläichzäiteg Erklärungen zu de Wierker an hirem historesche Kontext. D’Iddi dobäi dem Public op eng häerzlech Aart a Weis déi barock Musek méi no ze bréngen. D’Anne-Catherine Bucher erkläert d’Konzept hanner de Midis Baroques.
Eng barock Mise en Bouche
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Anne-Catherine Bucher (Foto: Eric Engel)
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
Gitarrefestival 2026
Fir d’Lëtzebuerger Klassikzeen gëtt et dës Joer ee klenge Jubiläum ze feieren: de Gitarrefestival start nämlech a seng 5. Editioun.
Wéi kann een eng Operefigur nei interpretéieren?
D'Sängerin Mária Devitzaki verkierpert den Haaptpersonnage "Elle" aus der Oper "La voix humaine", ergänzt duerch eng Dänzerin, den 29. Abrëll am Trifolion.
Eng barock Mise en Bouche
Barock Häppercher kritt een de 28. Abrëll am Espace Découvertes vun der Philharmonie zerwéiert. D'Cembalistin Anne-Catherine Bucher interpretéiert Wierker vum Bach.
Romantesch Dialogen tëschent engem Cello an engem Piano
Ënner dem Titel "Dialogues Romantiques" lueden de Pianist Romain Nosbaum an d’Cellistin Judith Lecuit op e Concert an der Maison Noem an.
Eng Pop-Oper an der Philharmonie
Eng Community-Oper, déi Leit aus iwwer 100 verschidde Länner duerch Musek zesummebréngt, dat war d’Zil vum Projet pOpera vun der Fondation EME.
"D'Musek verbënnt de Wonsch an donkelen Zäiten ëmmer d'Luucht ze gesinn."
Den Cellist Cyprien Keiser gëtt en Abléck an den nächste Concertsprogramm vum Concert apéritif an der Philharmonie.
"Ech sinn net den typesche Mozart-Bariton"
Dee jonke Lëtzebuerger Franz Schilling ass ausgebilten Operesänger an nächste Méindeg op Besuch an der Philharmonie.
E Jubiliäum, eng Première an zukënfteg Pläng
De Martin Elmquist feiert 30 Joer als Dirigent vum Luxembourg Philharmonia mat engem Concert an der Philharmonie.
175 Joer Sängerbond Dikrech
Fir den 175. Jubiläum vun der Chorale Municipale Sängerbond Diekirch ze feieren, féiert den Ensemble Vocal Cantica Diekrich dem Rossini seng Petite Messe Solennelle op.
Maat Saxophone Quartet - Rising Stars op Besuch zu Lëtzebuerg
2018 huet sech den hollännesche Quartett Maat Saxophone gegrënnt. Déi ausgewielte Rising Stars aus der Saison 26/27 maachen d'nächst Woch ee Stopp fir ee Concert zu Lëtzebuerg.
Den Ofschloss vum grousse Schubert Pianosonaten-Zyklus
De Lëtzebuerger Pianist Jean Muller huet well dem Mozart a Beethoven seng Integral mat Pianosonaten erfollegräich gespillt. Elo steet den Ofschloss vun engem weidere Meilestee un.
Wayfarer and Wine
E weidere Concert am CAPE aus dem Zyklus Music & Wine: Dës Kéier luet d'Kammerata Luxembourg an op e Concert ronderëm Musek, déi lues a lues d'Grenze vun der Tonalitéit verléisst.
“Kammermusek mécht mir enorm vill Spaass”
De Benjamin Kruithof spillt e Recital um De Klenge Maarnecher Festival
Fréijoersconcert vum ONJ
Den Orchestre National des Jeunes start seng Fréijoerstournée mat engem Concert ënner dem Titel éclats classiques et envolée nordiques
Nordvox elo an der internationaler Chouerlandschaft opgedaucht
Mat 25,42 Punkte konnt de Lëtzebuerger Chouer Nordvox beim Internationale Chouer Concours zu Riva del Garda gewannen. Mir hunn déi éischt Reaktioun vum Dirigent agefaangen.
Duebele Spaass: tëschent Chouer an Harmonie-Orchester
Den "National Youth Wind Orchestra Luxembourg" ass och 2026 nees aktiv iwwer d'Ouschtervakanz.
Eng Flucht mat der Albena Petrovic
Escapes, esou heescht de neien Album mat Kompositioune vun der Albena Petrovic interpretéiert vun de Pianiste Romain Nosbaum an Florin Mantalé
Wéi geet et viru mat der Museksschoul Cavem?
No der iwwerraschender Faillite vun der Museksschoul Cavem sichen di verbliwwe Museksproffen elo dréngend no engem Auswee, fir d’Schoul ze retten.
“Ech hunn nach ni an esou engem Sall gespillt, wéi dat do”
De Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun ass op Tournée an den USA. Seng éischt Etapp war den historeschen “Music Hall” zu Cincinnati.