Gëschter Owend huet eis d’Nouvelle erreecht, datt de Pierre Cao am Alter vun 88 Joer gestuerwen ass. Hie war en Dirigent a Pädagog an huet net nëmmen zu Lëtzebuerg mee och am Ausland d’Chouer- an d’Dirigentewelt beaflosst. 2022 huet hien den éischten nationale Musekspräis fir säi Liewenswierk iwwerreecht kritt.
De Musekswëssenschaftler Francis Lucas huet e Portrait iwwer de Pierre Cao zesummegestallt.