Massen, zwee Pianosconcerti, zwee Klarinetteconcerti, zwou Symphonien, Kammermusek, eng Onmass u Pianosmusek … an, an, an. Mee dat alles zielt net beim Carl Maria von Weber: Hien ass Komponist vun der Oper “Der Freischütz“ - Punkt, fäerdeg. Mat dëser Oper fänkt d’Zäit vun der däitscher romantescher Oper un.
Wie war de Mënsch hanner dësem Wierk - e Mann mat villen Talenter, ee Workaholic, deen nach mat enger staarker Tuberkulos op London reest, fir säin Oberon uropzeféieren - dat war den 12. Abrëll 1826. Keng zwee Méint méi spéit, de 5. Juni 1826, sinn déi lescht Kräfte verbraucht. De Guy Engels erënnert un de Carl Maria von Weber.