Klassik Album vun der Woch
"Contrasts"
6 min
D’Danae Dörken ass eng jonk däitsch-griichesch Pianistin, déi an de leschte Jore scho vill Albumen opgeholl huet - ënner anerem viru Kuerzem ee mat hirer Schwëster Kivali Dörken, déi och Piano spillt. An elo huet d’Danae Dörken zesumme mat engem gudde Museker-Kolleeg een Album erausbruecht. Et ass dee 34-Joer-jonke franséisch-britteschen Hautboist Philippe Tondre. Fir hien ass dësen Album dee wichtegste musikalesche Projet a sengem Liewen.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel