De Gerry Welter gehéiert definitiv zu deene Mënschen déi een an der Lëtzebuerger Musekszeen als Institutioun bezeechent. Hie war 40 Joer laang Braatschist am fréieren RTL Orchester, Enseignant fir Bratsch am staater Conservatoire, hie war ee vun der Grënnungsmembere vun den Amis de l’orgue an huet an diverse méi klengen Ensembele matgespillt wéi zum Beispill dem Collegium Musicum oder dem Art Musical. Mat nëmmen 19 Joer huet hien ugefaangen de Méchelschouer um Fëschmaart ze dirigéieren, a mech dat elo zanter 65 Joer.
Mee just nach dëst Joer, well hien huet d’Entscheedung getraff, dass hien no den traditionelle Chrëschtmette vun dësem Joer wäert vu sengem Posten als Dirigent zerécktrieden.
Mir kucken am siwenten Episod vun eisem Podcast Klassik zeréck ob e Liewe voller skurriller Geschichten aus der Lëtzebuerger Musekslandschaft, mir héiere wéi aus enger Iddi déi am Fong geduecht war fir d’Mamm ze entlaaschten eng riseg Passioun ginn ass, a mir héieren déi erstaunlech Geschicht wéi aus engem Banquier ee vun den éischte professionellen Orchestermuseker ginn ass.