De Pianist a Komponist John Maia ass hei am Land opgewuess a wunnt aktuell och zu Lëtzebuerg. Seng Videoen op Social Media hunn deelweis Millioune Klicks. Hie weist sech an der Natur oder doheem hannert dem Piano an esou deelt hie seng Musek mat de Leit. An dëser Episode vu Klassik Talk huet d'Marie Trussart sech mam John Maia ënnerhalen. Ënner anerem huet hat erausfonnt, firwat een außer senger Social Media Presenz, esou wéineg iwwer de Pianist online fënnt.
Trotz senge Millioune Views ass de John Maia zu Lëtzebuerg quasi onbekannt. Hie verréit eis wourunner dat senger Meenung no läit a gläichzäiteg erkläert hie seng Strategie fir déi verschidde sozial Medien
D'Playlist vum John Maia
- Claude Debussy: Claire de Lune aus: Suite bergamesque
- Piotr Iljitsch Tschaikowsky: Oktober aus: Joreszäiten, Op.37
- Johannes Brahms: 9. Walz a Ré Mineur aus: Walzer, Op.39