D'Ana Maria Tzekov ass d'Directrice artistique vum Cape.
Déi gebierteg Éisträicherin koum 2018 fir d’Aarbecht op Lëtzebuerg. Si huet 6 Joer laang an der Philharmonie als Education manager geschafft a war och zanter 2023 Responsabel vun der Luxembourg Philharmonic Academy.
Den 1. Juli 2024 huet si déi kënschtleresch Leedung vum Cape iwwerholl an huet mëttlerweil hir éischt Saison als Directrice artistique hanner sech, an dat mat nëmmen 31 Joer.
An dëser Episod hu mir d’Ana Maria Tzekov gefrot, wisou nach ëmmer manner Frae wéi Männer a féierende Positiounen ze fanne sinn? A wat et hirer Meenung no da bräicht, fir datt méi Frae sech un esou Positioune géifen eruntrauen.