D'Ana Maria Tzekov ass d'Directrice artistique vum Cape.
Déi gebierteg Éisträicherin koum 2018 fir d’Aarbecht op Lëtzebuerg. Si huet 6 Joer laang an der Philharmonie als Education manager geschafft a war och zanter 2023 Responsabel vun der Luxembourg Philharmonic Academy.
Den 1. Juli 2024 huet si déi kënschtleresch Leedung vum Cape iwwerholl an huet mëttlerweil hir éischt Saison als Directrice artistique hanner sech, an dat mat nëmmen 31 Joer.
Am Episod vun haut hu mir d’Ana Maria Tzekov gefrot wéi engen Erausfuerderungen si hei zu Lëtzebuerg begéint ass. Wéi huet si hire Wiessel vun der Philharmonie erlieft, a wat sinn déi gréissten Ënnerscheeder tëschent hirer aler Platz an där Neier?