Am Klassik Talk vun dëser Woch hu mir mam Gewënner vum Concours Reine Elisabeth 2025 geschwat. Dee jonken hollännesche Pianist Nikola Meeuwsen war de leschten Donneschdeg fir e Concert hei zu Lëtzebuerg. Zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker huet hien ënner der Leedung vum Riccardo Minasi deen zweete Concerto fir Piano vum Prokofiev interpretéiert, mat deem hien och de Concours gewonnen huet.
Den Nikola Meeuwsen huet bei Gréisste wéi der Marlies van Gent, dem Enrico Pace, dem Frank Braley an dem Avedis Kouyoumdjian Piano studéiert. Schonn 2022 gouf hie mam Grachtenfestival Award ausgezeechent, dat, nodeems hien de Concertgebouw Young Talent Award, d’Royal Concertgebouw Competition an d’Steinway Competition an deene Jore virdru gewonnen hat.
Den Nikola Meeuwsen erzielt an dësem zweeten Extrait vum Klassik Talk, wéi hien de Concours erlieft huet a wéi et dozou koum, datt hie wärend dem ganze Concours eng Persoun bei sech hat, déi him immens wichteg ass. Hien huet och doriwwer geschwat, datt ee sech bei enger éischter Ronn vun engem Concours am Fong ni ka sécher si weiderzekommen, virun allem net, wann déi éischt Ronn per Video-Asendung ass, well et do eeben och ganz vill op d’Qualitéit vum Video ukënnt. An datt hie scho selwer un esou enger Video-Entscheedungsronn gescheitert ass.