Den US-amerikanesche Geiist Joshua Bell beschreift sech selwer als neigieregen, passionéierte Mënsch, deen e bësse Perfektionist ass, an awer ëmmer d’Liewe genéisst a mental Stimulatioun brauch.
Eppes u wat hien awer ëmmer, bal obsessiv, denkt, ass den Doud. Dat ass seng eenzeg grouss Angscht. Hie genéisst also d’Liewe, mat ëmmer e bësse Melancholie.
Wat dohannert stécht, a wat hie fir eng Superpower wéilt hunn, dat verréit de weltberüümte Geiist am zweeten Extrait vum Opus-Podcast Klassik Talk.