De Geiist Joshua Bell ass gebuer an opgewuess am US-amerikanesche Staat Indiana. Mat 21 Joer plënnert hien op New York, an zanterhier ass Manhattan dat och seng Heemecht.
Wéi ass et an esou enger grousser Stad ze liewen, an iwwerfuerdert den urbane Chaos vum Big Apple net ze vill? Dat a villes méi verréit hien am drëtten Extrait vum Opus-Podcast Klassik Talk, am Gespréich mam Marie Schockmel.