Am Opus-Podcast Klassik Talk wëlle mir d’Perséinlechkeeten hanner de Museker:inne méi genee kenneléieren. Eise 15. Invité ass de Joshua Bell, weltberüümte Geiist aus den USA.
Allgemeng ass hie vill beschäftegt. Op d’mannst 200 Deeg pro Joer reest hie fir seng Concerte ronderëm d’Welt. Mee wat sinn nieft der Musek weider Stäerkte vum Museker?