An eisem Podcast Klassik Talk loosse mir eng Perséinlechkeet aus der Welt vun der klassescher Musek zu Wuert kommen a stellen de Mënsch hanner der Musek vir. Vum geléierte Comptabel zum präägenden Acteur vun der Lëtzebuerger Kulturlandschaft huet hien en zimlech aussergewéinleche Parcours hanner sech. Dës Woch begréisse mir de Claude Mangen, deen hei beim Radio 100 ,7 nämlech keen Onbekannten ass. De Claude Mangen war 25 Joer laang Chef vun der Kultur a Programmchef vum Radio 100,7. Haut ass hien Direkter vum Mierscher Theater, ganz geschwë fänkt fir hien awer en neie Liewensabschnëtt un.
Ursprénglech hat hien eng Ausbildung an der École de Commerce et de Gestion (ECG) gemaach. Eigentlech hat de Claude Mangen eng sécher Plaz als Comptabel. Mat 27 setzt hien alles op eng Kaart a geet an den Theater. An dëser Episod erzielt hien iwwer den entscheedende Moment, wou hien decidéiert huet, de séchere Wee vun den Zuelen ze verloossen, a sech fir d’Magie vun der Bün entscheet huet.