De Komponist, Saxophonist an Dirigent Hy-Khang Dang ass 1995 hei zu Lëtzebuerg gebuer. Nom Stater Conservatoire huet hien seng Studien an de renomméiertsten europäeschen Héichschoule weidergefouert. Dorënner de Conservatoire zu Bréissel, de Conservatoire National Supérieur de Musique et de Danse zu Paräis an d’Guildhall School of Music and Drama zu London . Vun 2023-2026 war hie Soundhub associate vum London Symphony Orchestra,an an der Saison 2024/25 ass hie fir de ‘Britten-Pears Young Artist’ Programm selektionéiert ginn.
Aktuell lieft a schafft den Hy-Khang Dang parallel zu London an zu Lëtzebuerg, a well hie grad hei zu Lëtzebuerg war, hu mir dovu profitéiert fir hien an eise Klassik Talk vun dëser Woch ze invitéieren.
Am éischten Extrait vum Klassik Talk verréit de jonke Lëtzebuerger wat fir hien zu deem ganze Kompositiounsprozess dozou gehéiert, a wéi hien am Alldag d’Inspiratioun fir seng Kompositioune fënnt.