An der Primärschoul huet d'Cathy Krier sech e bësse wéi en Ufo gefillt, well si dat eenzegt Kand war, dat vill Musek gemaach huet. Wéi si bis op 7e koum, wollt si am Ufank net, datt een iwwerhaapt wéisst, datt si Piano géif spillen. Aus Angscht datt een de Geck géif maachen. Am Jongelycée gëtt si an hirer Karriär awer komplett ënnerstëtzt: Vu 6e u geet si just nach an d'Schoul fir d'Prüfungen ze schreiwen. D'Schoul fält hir dobäi besonnesch einfach a si léiert eegestänneg.
Am 3. Extrait aus dem Klassik Talk erzielt si dem Marie Trussart , wéi si mat nëmmen 13 Joer an der Musekshéichschoul zu Köln ugeholl gouf an hir Mamm doduerch quasi zum Taxichauffer gouf.