Haut op Silvester gëtt gären op verschiddene Plazen e Freedefeier mat ville faarwege Rakéite lassgelooss. Datt d’Déieren an d’Hausdéiere sech awer net doriwwer freeën, dat wëssen déi meescht. Vill Déiere kréien nämlech bei deem ganzen haarde Kaméidi Angscht a leiden ënner Stress. Eppes wat dobäi hëllefe kann ass klassesch Musek, an zwar entspaante klassesch Musek.
An der Fuerschung gouf och schonn dacks ënnersicht, wéi Déieren op verschidde Kläng reagéieren, an inwifern Musek gutt ass fir Stress ze reduzéieren. Dann ass et och wichteg d’Musek net ze haart ze spillen an och net dauernd vun Track zu Track ze wiesselen. Fir dat Ganzt perfekt ze maachen, kann een och nach d’Luucht am Raum dimmen.
A wësst Dir wat? Net nëmme fir d’Déiere kann déi entspaante klassesch Musek an dee relaxe Kader gutt si fir Silvester, mee och fir all déi ënner eis, déi kee Fan vun deem ganze Freedefeier sinn. Also: Two in one!