Am November d’lescht Joer hate mer hei am Harmonesche Moien dorop opmierksam gemaach, datt d'Universitéit zu Nottingham an England d’Museks- a Modernsproochecoursen ewechfale loosse wéilt. Dat wuel aus Nofro-, Konkurrenz- an och Käschtegrënn, wéi d’Uni deemools preziséiert hat.
Elo gëtt et da vun direkt e puer verschiddene Quellen d’Informatioun, datt ee knappt Joer méi spéit genee dëse Fall elo fir de Museksdepartement agetrueden ass. Deemno wäert et net méi méiglech sinn, zu Nottingham Musek ze studéieren. Betraff wieren dräi Musekstudiegäng an -departementer, esou d’Dr Hannah Robbins, déi un der Uni Nottingham fir de Museksdepartement zoustänneg ass.
Dëst wier iwweregens een Enn vun dësem Departement, nodeems et dëse scho méi wéi 100 Joer gëtt.
Doropshi goufen et dann awer eng Rei vu Streiken an och déi kommend Wochen wëll ee géint dës Decisioun protestéieren, heescht et a verschiddenste Medien. Och fréier Schüler hunn sech schonn zu Wuert gemellt a betounen, wéi schlëmm fir si perséinlech dës Decisioun wier.
Wat dëst elo genee fir d’Enseignantë bedeit a wéi vill Leit vun dëser Fermeture betraff sinn, ass nach net kloer. D’Uni hält sech fir den Ament mat weideren Detailer a Schrëtt bedeckt.