De Concours Reine Elisabeth start 2026 a seng 75. Editioun. Gläichzäiteg feiert een awer och den 150. Gebuertsdag vun der Kinnegin Elisabeth an och vum weltberüümte Cellist Pablo Casals. Net nëmmen seng besonnesch Technik de Bou ze hale beim Instrument, mee och seng Interpretatioune vun de Bach Suiten um Cello maachen de Museker bis haut zu enger absolutter Ikon an der Cello-Welt.
De Gewënner oder d’Gewënnerin vum Concours Reine Elisabeth wäert dann och en aussergewéinlecht Instrument ausgeléint kréien. Den héchstperséinleche Goffriller-Cello vum Pablo Casals aus dem Joer 1733.
De Matteo Goffriller ass ee vun de ganz grousse Cellobaueren. De Pablo Casal huet dësen Cello dann och iwwer 60 Joer laang gespillt.