A sengen 20er hat de Chopin vill Otemwee-Infektiounen, huet Blutt gehouscht an huet och ëmmer nees ënner Bronchitte gelidden.
Am Wanter vun de Joren 1838 an 1839 ass hien, fir sech vum kalen a fiichte Wieder ze erhuelen, fir 3 Méint op Mallorca gaangen. Do war et leider zimmlech kal a vereent, an de Chopin kritt tragescherweis och nach Tuberkulos.
Mee dee ville Reen hat de Chopin awer inspiréiert. Ëmmerhin huet hien op Mallorca nämlech eent vu senge bekanntste Wierker geschriwwen: déi sougenannte “Raindrop-Prelude”.
De Chopin huet déi meescht Zäit op Mallorca an der Tramontana-Géigend verbruecht. Hien huet do an de Bierger mat senger Fra a mat senge Kanner am Klouschter Cartuja de Valldemossa logéiert. An deem Klouschter huet een elo an der Bibliothéik eng spannend Entdeckung gemaach: Et huet een d’Manuskript vun enger "Snowfall Nocturne" fonnt. Dat Erstaunlecht un där Partitur ass d'Besetzung. Se ass nämlech fir Trompett a Piano an et gëtt esouguer schonn eng Opnam vum Manuskript.
Hutt Dir dës Geschicht gegleeft?
Abrëll, Abrëll...