D'Anna Handler ass 29 Joer jonk an eng däitsch Pianistin an Dirigentin. Si konnt an der Saison 23/24 duerch ee Stipendium dem Gustavo Dudamel schonn zur Säit stoe beim Los Angeles Philharmonic. Aktuell ass si dann och Co-Dirigentin beim Boston Symphony Orchestra an un der däitscher Oper vu Berlin als Kapellmeisterin aktiv.
Elo wäert d'Anna Handler fir déi nächst dräi Saisonen een Deel vun der kënschtlerescher Leedung mat iwwerhuelen an natierlech och selwer um Pult vum LA Philharmonic stoen.