Hie gëtt vu villen als grousse Maestro beschriwwen, dee ganz genee bei all Wierk wousst, wéi d’Resultat klénge sollt. A wann eppes net esou geklappt huet, wéi den Toscanini et wollt, gären och mol seng Roserei ze héiere ginn huet. Deen een oder aneren Dirigéierstaw soll dobäi och mol futti gaangen oder duerch de Sall geflu sinn.
Den Arturo Toscanini kënnt zu Parma an Italien op d’Welt, léiert fréi Cello ze spillen. Hëlt awer mat Ufank zwanzeg Decisioun, Dirigent ze ginn. Do ka wuel och gehollef hunn, mat 20 Joer schonn am Orchester vun der Mailänner Scala gespillt ze hunn, wou hien de Giuseppe Verdi bei der Uropféierung vun “Otello” net just am Orchester ënnerstëtzt, mee och kenneléiert. Iwweregens ass et och den Toscanini, dee beim Verdi sengem Begriefnis 1901 zu Mailand de Gefaangenechouer “Va, pensiero” aus Nabucco dirigéiert.
Wärend där Zäit ass den Toscanini iwweregens och Museksdirekter tëschent 1898 an 1903.
Hien ass bekannt fir stramm Tempi vun de Wierker, eng äusserst pingeleg Trei zu der Originaliddi vun de Kompositiounen, mee och wéinst sengem Temperament. Rieds geet vu choleereschem Verhalen, dem Vernenne vum Orchester. An och déi eng oder aner Partitur huet Flugversich bis an déi lescht Reie vum Orchester gestart.
Mee genee déi exakt Virstellung vun deem, wat hien an de Wierker duerstelle wollt, war dat wat bis haut Dirigentinnen an Dirigente beandrockt. Alles gëtt auswenneg dirigéiert.
D’Metropolitan Opera zu New York, d'Wiener Philharmoniker, Mailänner Scala, Bayreuth, d’Salzburger Festspiller si just e puer Nimm ënner villen, wou den Arturo Toscanini hanner dem Pult steet.
Säi leschte Concert an der Carnegie Hall mam NBC Symphony 1954, wou den Dirigent awer ee komplette Blackout huet an duerno sech och ni méi hanner dem Pult weist.
Am Alter vun 90 Joer stierft de Museker dann zu New York op engem 16. Januar 1957.