Dee 47 Joer alen Dirigent Andris Nelsons aus Lettland ass aktuell ee vun de gefrotsten Dirigente vun der Welt. Hien ass net just Chefdirigent vum Boston Symphony Orchestra, mee och Kapellmeeschter vum Gewandhausorchester Leipzig an esouguer aktuell mat de Wiener Philharmoniker op grousser Tournee. An eréischt virun engem gudde Mount konnt den Andris Nelsons mam BSO an dem Weltcellist Yo Yo Ma nach ee Grammy fir en Album ofstëbsen. Mee no 13 Joer trennt sech de Boston Symphony Orchestra vun 2027 u vun hirem Chefdirigent Andris Nelsons. Den Haaptgrond läit wuel an der Zukunft vum Orchester. De Chad Smith, Haaptresponsabele vum Boston Symphony schwätzt vun Onstëmmegkeeten tëschent dem Dirigent an dem BSO, wat d’Ausriichtung vum Orchester ugeet. Den Andris Nelsons weist sech an engem Bréif, deen un d'Musekerinnen an d'Museker riicht, enttäuscht iwwer déi onfräiwëlleg Decisioun.
Andris Nelsons a Boston Symphony gi getrennte Weeër
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Den Dirigent Andris Nelsons (Foto: Marco Borggreve)
mic_none
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann
Episoden
Andris Nelsons a Boston Symphony gi getrennte Weeër
No 13 Joer trennt sech de Boston Symphony Orchestra vun hirem Chefdirigent Andris Nelsons. Deels ongewollt ...
Rita Strohl
Vu Saint-Saëns, Vincent d’Indy a Fauré gefeiert, mee trotzdeem a Vergiessenheet geroden.
Dora Pejacevic - de Wonsch no Unerkennung an e Kampf géint sozial Zwäng
Komponistinne goufen an der Museksgeschicht dacks net direkt akzeptéiert. Esou och d’Dora Pejacevic: Komponistin mat enormen Talent, perséinleche Wënsch a Revolt géint sozial Zwäng
Paavo Järvi gëtt Chefdirigent vum London Philharmonic
Vun der Saison 2028/29 u gëtt de Paavo Järvi neie Chefdirigent vum London Philharmonic Orchestra.
Ethel Smyth
Komponistin, Dirigentin, Fraerechtlerin a Rebellin
Johann Pachelbel - Musek mat Wierkung bis haut
De Johann Pachelbel leet als Barockkomponist scho vill Wäert op Sanglechkeet. Dëst Markenzeechen a virun allem ee Wierk vun him faszinéiert Kënschtler:inne bis haut!
Errollyn Wallen - eng staark Komponistin
Mat zwee Joer ass déi brittesch Komponistin aus Zentralamerika op London gezunn an huet hirem Dram erméiglecht: fir d’Musek liewen!
Wat hunn d'Komponisten a Komponistinnen an der Fräizäit gemaach?
Natierlech fläisseg komponéiert, mee net nëmmen!
Alexander Borodin - Chemiker, Dokter a Komponist
Den Alexander Borodin war net nëmme Vollbluttmuseker, mee och an der Chimie approfondéiert an hat en Dokter an der Medezin.
Musée, Musek a Molerei op Rezept verschreiwen
Zu Kaiserslautern erméiglecht ee Pilotprojet, sech "Kultur op Rezept” verschreiwen ze loossen.
Nei Etüd - vill Museker:innen kréie Problemer mam Gehéier
Eng Etüd mat insgesamt 67 Studien an 28.000 Leit aus 21 Länner weist: bis zu all drëtte Museker ka vun Tinnitus, Hypersensibilitéit oder weidere méi staarke Follge betraff sinn.
D'Gebuert vun "Orfeo" a "Peer Gynt"
De 24. Februar 1607 an 1876 hunn zwee grouss Wierker an der Museksgeschicht Première gefeiert, déi bis haut nach reegelméisseg programméiert ginn.
Edward Elgar - ee Réckbléck
Haut virun 92 Joer stierft de Sir Edward Elgar, nom Händel dee gefeiertsten Komponist aus Groussbritannien.
Erliichterung fir d'Musekerwelt
D'Lufthansa féiert nei Handgepäckreegelung a fir Museksinstrumenter.
Opus-Agenda
Am Opus Agenda blécke mir op e puer Event-Highlighten iwwer de Weekend vun der Fuesvakanz.
100. Gebuertsdag vum György Kurtág
Haut um 19. Februar gëtt de leschte groussen Avantgarde-Komponist György Kurtag 100 Joer al.
D'Hilary Hahn ass zeréck op der Bün
No bal engem hallwe Joer Paus duerch Operatiounen un der Wirbelsail ass d'Stargeiistin Hilary Hahn zeréck op der grousser Bün.
Ee Réckbléck op d'Uropféierung vu "Madama Butterfly"
Et si genee 122 Joer hier, datt am Teatro alla Scala zu Mailand de Komponist Giacomo Puccini d’Operewelt a virun allem de Public mat der “Madama Butterfly” schockéiert. Mee firwat?
De Pierre Rode - Typescht Wonnerkand
De Pierre Rode ass an der Geieliteratur ee Begrëff. Als franséische Jong beschäftegt hie sech fréi mam Sträicherklang a grënnt déi franséisch Geieschoul am 19. Joerhonnert mat.