D’Stëftung zur Fërderung vu jonke Kënschtlerinnen a Kënschtler zu Lëtzebuerg annoncéiert datt de Prix Mameranus 2026 sech dëst Joer em d’Trompett wäert dréinen. D‘Präisiwwerreechung wäert zu Mamer am Hierscht 2026 stattfannen. D’Gewënnerin oder de Gewënner ka souwuel aus der Jazz- wéi aus der Klassikzeen kommen.
D’Bedingung ass, datt een zum Zäitpunkt vu senger Umeldung d’Instrument nach spillt, ënner 30 ass an en direkte Bezuch zu Lëtzebuerg huet, sief et duerch d’Nationalitéit, de Wunnsëtz, well een do schafft oder engem seng Famill do wunnt. Bis den 1. Juni 2026 kann ee seng Kandidatur areechen.
De Conseil d’Administration vun der Stëftung kuckt sech dann zesumme mat Experten d’Umeldungen un a ka se dann op eng Auditioun alueden, ier déi final Entscheedung getraff gëtt. Mëtt Juni 2026 gi mir gewuer, wie selektionéiert ass.
Seng Kandidatur kann ee schrëftlech stellen, iwwer follgend Adress: B.P.50 L-8201 Mamer