De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof huet an deene leschten zwou Saisone vill Debute gehat. Mee den Dënschden (07.04.) den Owend war dee warscheinlech gréisste Moment a senger Karriär. De Benjamin Kruithof huet nämlech an England säi solisteschen Debut mam Royal Philharmonic Orchestra gefeiert. De jonke Lëtzebuerger Cellist huet eis verroden, wat fir ee Gefill dësen Debut fir hie war.
Dem Benjamin Kruithof säin nächste Concert zu Lëtzebuerg ass den 18. Abrëll zu Eschweiler am Kader vum klenge Maarnicher Festival.