Eigentlech sollt den däitsche Pianist Frank Dupree de 24. Juli een eenzege Concert an Däitschland bei de Weilburger Schlosskonzerte spillen. Duerch een onerwaarten Telefon koum et awer zu engem méi wéi spontanen zweeten Optrëtt eng Woch méi spéit.
Ënner dem Titel "Augenblickliches Staunen" beschreift de Veranstalter dëse Concert zu Weilburg bei de Schlosskonzerte.
De Pianist Julius Asal soll mat den Nürnberger Sinfoniker optrieden an zwee Beethoven-Concertoen interpretéieren. Mee krankheetsbedéngt muss de Pianist Stonne virdrun ofsoen.
Den däitsche Pianist Frank Dupree sëtzt grad privat doheem Wierker vum Sergei Rachmaninoff anzeüben, wéi hien een Telefon an d'Ufro kritt, fir de kuerzfristeg verhënnerte Pianist anzesprangen. De Museker acceptéiert d'Ufro a mécht sech op de Wee op Nürnberg. Hie léiert den Orchester kennen a begleet si an der Uspillprouf.
Mee wärend dem intensive Prouwe vum éischten a fënnefte Pianosconcerto vum Beethoven, stellt sech eraus, datt och den Dirigent Iliya Reibarkh de Concert net leede kann. De Frank Dupree iwwerhëlt dowéinst kuerzerhand och dëse Part.
Eng Story, wéi een se eigentlech just aus Bicher oder Filmer ze kenne schéngt! Op Social Media deelt de Frank Dupree dofir och dës besonnesch Concertsufro, déi hie mat Sécherheet soubal net vergiesse wäert.