Eigentlech sollt déi 36 Joer jonk Dirigentin Beatrice Venezi vun Oktober 2026 un den Orchester vum gréissten Operenhaus zu Venedeg bis 2030 leeden. Elo gouf de Kontrakt awer scho virum éischten offizielle Schaffdag gekënnegt an d'Dirigentin entlooss.
Grond dofir soll den Interview mat der argentinescher Zeitung "La Nacion" sinn, an där d'Dirigentin d'Operenhaus fir de Choix vun de Musekerinnen a Museker kritiséiert huet. Si schwätzt vun Orchesterplazen, déi "praktesch vu Papp zu Jong" weider gi ginn. D'Operenhaus wier fir Verännerungen net oppen.
Mee och d'Beatrice Venezi gouf an de leschte Méint hefteg kritiséiert. Si soll net just an enker Relatioune mat der italieenescher Ministerpresidentin Giorgia Meloni stoen. Mee och de Fait, datt d'Beatrice Venezi nach kee Weltorchester dirigéiert hätt, hunn d'Musekerinnen an d'Museker vum Fenice Orchester kritiséiert, déi an de Choix vun der Dirigentin dann och net mat involvéiert waren.