Den Dirigent Zubin Mehta gelt haut als ee vun de bedeitendsten Dirigente vun der Welt. Hien huet als Dirigent fir de Montreal Symphony Orchestra, de Los Angeles an New York Philharmonic wéi och fir d'Bayresch Staatsoper den Takt uginn.
Rezent huet de Museker mat indesche Wuerzelen dann och säin 90. Gebuertsdag musikalesch gefeiert. Duerch gesondheetlech Problemer huet de Zubin Mehta awer am Sëtze missen dirigéieren. Mee de Concert war ee grousse Succès, dee vum Public mat Standing Ovations appreciéiert gouf.