Déi lescht Méint schonn huet deen 98 Joer alen Dirigent Herbert Blomstedt seng Concerten am Sëtzen dirigéiert an ass mat Rollator op d'Bün komm. Elo muss dee schweedesche Stardirigent dann awer déi nächst Méint wuel komplett op Optrëtter verzichten a Concerten annuléieren.
An engem perséinleche Message weist sech den Dirigent traureg, kommend Concerten zu Tokyo a Bamberg net kënnen ze leeden. Eng méi schwiereg Infektioun géif den Dirigent elo e puer Méint kaschte fir nees gesond ze ginn. Mëtt Juli sollt den Herbert Blomstedt de Concert am Kader vu sengem 99. Gebuertsdag zesumme mat de Bamberger Symphoniker dirigéieren.
"Et deet mir leed, am Oktober net mat mengem léiwen Orchester zu Tokyo spillen ze kënnen. Wéi ech am Mee zu San Francisco dirigéiert hunn, hunn ech eng schwéier Infektioun erwëscht, vun där ech mech e puer Méint erhuele muss. Awer - hutt Courage - déi grouss Musek vu Beethoven, Brahm a Bruckner bleift eis ëmmer erhalen. Ech wäert am Geescht bei Iech sinn an Iech ni vergiessen. Merci fir alles, wat Dir fir mech gewiescht sidd." - Herbert Blomstedt