D’Rebecca Clarke kënnt haut viru genau 140 Joer, de 27. August 1886, zu Harrow an England op d’Welt. Mat aacht Joer dierf si eng éischte Kéier hire méi jonke Brudder an de Geiecours begleeden a selwer eppes virspillen. Séier stellt sech eraus, datt si eigentlech méi begaabt ass wéi hien.
Am Alter vu 16 Joer fänkt si hire Geiestudium op der Royal Academy of Music zu London un. Mat 21 Joer wiesselt si op de Royal College of Music, fir do Kompositioun beim Sir Charles Villiers Stanford ze studéieren. Hien ass dee selwechte Proff, deen och bekannt Nimm wéi de Ralph Vaughan Williams, de Frank Bridge an de Gustav Holst ausgebilt huet. D’Rebecca ass déi eenzeg Fra an der Kompositiounsklass. Gläichzäiteg entwéckelt si sech zu enger exzellenter Braatschistin.
Nodeems si mat 24 Joer keng Ënnerstëtzung méi vun hirem Papp kritt, muss si sech duerch d’Spille vu Concerte selwer iwwer Waasser halen, wat hir mat groussem Succès geléngt. Als Kammermusekerin spillt si mat bekannte Perséinlechkeete wéi dem Pablo Casals, dem Arthur Rubinstein, dem Jacques Thibaut an der Myra Hess.
Och wann d’Rebecca Clarke haut als eng vun de bedeitendste brittesche Komponistinnen aus der Tëschekrichszäit gëllt, war si zu Liefzäiten net wierklech unerkannt. Vun de ronn 100 Kompositioune goufen der deemools just 20 verëffentlecht an nëmmen 10 noweislech uropgefouert.
Zu hire bekanntste Wierker zielen d’Sonat fir Braatsch (1919), de Pianostrio (1921), a Morpheus (1917/1918), een impressionistescht Stéck fir Braatsch, wat si ënnert dem Pseudonym “Anthony Trent” verëffentlecht huet.
Eng Recherche vum Jonah Pütz