Leschte Mëttwoch gouf am Escher Conservatoire eng besonnesch Skulptur ageweit. Gewidmet ass se dem Fred Harles, dem laangjäregen Direkter vum Escher Conservatoire, deen am Januar 2025 gestuerwen ass. Den 23. September wär hien 80 Joer al ginn. A genau op sengem Dag hu Frënn, Kolleegen, fréier Schüler an de Service Culture vun der Gemeng Esch dem fréieren Direkter mat der Statu zu sengem Undenken eng ganz besonnesch Éier erwisen. Bei der Aweiung dobäi waren ënner anerem den Interim-Direkter Claude Schlim, de Buergermeeschter vun Esch an d’Buergermeeschtesch vu Suessem.
D'Skulptur heescht “Sinfonia”, a besteet aus engem eenzege Stolband, dat sech schwongvoll no uewen dréint a schonn e bëssen un en Nouteschlëssel erënnert. Si weit 53 Kilo a steet op engem Betonssockel. Gemaach huet se de Kënschtler Jhang Meis, e gudde Frënd vum Fred Harles. Déi zwee sinn um Fousbann zesummen an d’Schoul gaangen. D’Wiel vum Material war fir de Jhang Meis ganz kloer: “Et ass eng stole Skulptur, wat bei e Jong vum Minett passt”, sot hie bei der Aweiung.
De Fred Harles war ënner anerem Trompettist, Dirigent a Museksproff. Zu Péiteng gebuer, huet hie mat 22 Joer als Museksproff zu Esch ugefaang, a war duerno 33 ganzer Joer Direkter vum Conservatoire. Hien huet och d’Brass Band, en Harmonie- a Sinfonieorchester, sou wéi en Ensemble vocal gegrënnt.
D’Skulptur huet hir Plaz matzen am Conservatoire fonnt. Se steet an der Receptioun viru grousse Glasfënsteren, wou se duerch d’Luucht an de Vierdergrond réckelt. Domat ass hien nees present an deem Haus, dat hien esou laang gepräägt huet, an dat dëst Joer iwweregens seng 100 Joer feiert!