Um Opus ass et wärend der Allerhellege Vakanz un der Zäit, déi lescht Woche Revue passéieren ze loossen. Ma och Jores technesch ass et op bestëmmten Deeg interessant, well zum Beispill bekannte Gesiichter gestuerwen oder op d’Welt komm sinn. An dat trëfft och op den 3. November 1801 zou an de Vincenzo Bellini, deen nämlech virun 225 Joer op d’Welt kënnt.
Seng Melodië sinn heiansdo fir e puer Leit bësse kitscheg, Hollywoodräif oder och e bësse laang. Ma wien als de Vertrieder vum Belcanto schlechthi gëllt, muss dësem Ruff da jo awer och gerecht ginn. An dat mécht de Bellini bis haut!
Hie steet fir laang Melodien, ee laangen Otem, wou mer dann och scho bal beim Sange selwer wieren. De Bellini bleift um Text drun, wa mat der Stëmm koloréiert gëtt, dann do wou et muss sinn an net fir selwer ze gefalen. An den Orchester? Deen ass am Hannergrond. Wat beim Vincenzo Bellini zielt, dass de “Schöngesang”. Belcanto, der Stëmm Plaz loossen.
“l dramma per musica deve far piangere, inorridire, morire cantando” – sou ee berüümten Zitat vum Bellini. “D’Musikdrama muss duerch Gesang beréieren, erféieren a stierwe loossen.”
Hie selwer ass Vollbluttmuseker. E spillt Piano, komponéiert, ass am Kierchechouer aktiv. Mat, wéi vill Quelle berichten, enger extrem renger a schéiner Stëmm.
Hien stierft jonk mat nëmmen 33 Joer, hannerléisst awer absolut Meeschterwierker bis haut: Seng Operen “Norma”, “La sonnambula”, eng Adaptatioun vu Romeo a Julia ënner dem Titel “I Capuleti e i Montecchi” oder och säi lescht grousst Wierk “I puritani” - net just seng Fans, och grouss Zäitgenosse veréieren de Bellini. Sou zum Beispill de Richard Wagner, dee vu Melodien “wie mit dem Silberstift gezogen” schwätzt. Och ee Landsmann wéi de Giuseppe Verdi seet, hie wier begeeschtert vun dëse bal onendlech wierkende Béi vum Belcanto-Gesang: “melodie lunghe, lunghe, lunghe”.
Zesumme mat den Texter vu sengem Textschreiwer Felice Romani entstinn esou Wierker, déi haut nach fir grouss Begeeschterung op weltwäite Büne suergen. Och duerch Interprete wéi am 20. Joerhonnert d’Joan Sutherland oder d’Maria Callas.