De neien Album vum Ensembel La Rêveuse heescht "London circa 1760: J.C. Bach, C.F. Abel & friends". Deen Datum ass net zoufälleg gewielt: Zu där Zäit gëtt et zu London eng musikalesch Revolutioun. Déi al Musek vu Corelli, Händel & Co gëtt ersat duerch eng nei Generatioun vu Musekerinnen a Museker. Komponiste wéi den Johann Christian Bach, jéngste Fils vum Johann Sebastian, an de Carl Friedrich Abel bréngen déi nei Trends aus Däitschland mat op London an hunn domat en immense Erfolleg.
Em 1760 sinn net fir näischt esou vill Musekerinnen a Museker op London gezunn. Nom Dout vum Georg Friedrich Händel 1759 ass e musikalescht Lach entstanen, nodeems hie véier Joerzéngte laang d’Museksliewen an England dominéiert hat. Déi nei Kinnigin Charlotte hat am Verglach zu hirem Virgänger, dem George dem 3., en zimmlech moderne Museksgoût. Kee Wonner also, datt vill Musekerinnen a Museker, virun allem aus Däitschland, op London komm sinn, fir eng Karriär ze starten. Et war nämlech relativ einfach onofhängeg a selbstänneg ze schaffen a Sue mat Concerte verdéngen.
Net nëmmen nei Musek, mee och nei Instrumenter entstinn. Sou komponéiert zum Beispill d'Musekerin Ann Ford Musek fir d'Glasharf (Musical Glasses) a Form vun enger Gebrauchsanweisung. Ënner dem Titel Instructions for Playing on the Musical Glasses erkläert si, wéi aus mat Waasser gefëllte Glieser en Instrument entsteet.
Den Ensembel La Rêveuse steet ënner der Leedung vun der Florence Bolton, déi och Gamb spillt, souwéi dem Benjamin Perrot, deen Erzlaut an englesch Gittar spillt. La Rêveuse huet sech op d’Musek vum 17. An 18. Joerhonnert spezialiséiert.