Dësen Album ass eppes ganz Besonnesches. Drop ze héiere sinn net just zwee Piano Quartetter mat fantasteschem Live Charakter. Nee: Et si gläichzäiteg och zwou Éischtopféierungen aus dem Joer 1902, déi mat spéitromanteschem Charme dohierkommen.
Ma dass net just an der Musek deels däitsch oder spuenesch Aflëss dra sinn, mee dës Kulturwuerzelen och am däitschen Trio Lirica a beim spuenesche Pianist Josu de Solaun rëmzefanne sinn, mécht dës Produktioun an déi de Lex Kauffmann mam Christophe Mirkes am Harmonesche Moien eralauschtert, lieweg an authentesch.