Den Zitrounebam um Feld

headphones

19 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D’Karski Quartett, dat si véier Museker:innen aus Polen an aus der Belsch. Op hirem neisten Album stelle si d’Musek vun enger grousser polnescher Komponistin an de Fokus. Et geet ëm d’Grażyna Bacewicz.

Si ass eng vun de bekanntste Komponistinnen aus dem 20. Joerhonnert. Opgewuess ass si an enger musikalescher Famill an hire Papp huet hir d’Musek bäibruecht. Scho fréi huet si op Büne gespillt. Mat nëmme 7 Joer war hiren éischte Concert a ronn 6 Joer drop schreift si hir éischt eege Kompositioun. Spéider studéiert si ënner anerem bei der Nadia Boulanger um renomméierte Conservatoire zu Paräis. Am Ganzen huet si iwwer 200 Wierker komponéiert.

Déi véier jonk Museker:inne vum Karski Quartet hu sech och un engem Conservatoire kennegeléiert. Net zu Paräis, mee zu Bréissel. Mat um Album spillt awer och ee Pianist aus Wales, den Jams Coleman. Hien ass ee gudde Kolleeg vum Quartett.

Hautdesdaags kommen ëmmer méi Albume mat Musek vun der polnescher Komponistin eraus. Deen heite stécht awer eraus duerch eng richteg déif Verbindung tëschent de Museker:innen an der polnescher Komponistin. Déi véier spillen alles mat immens vill Enthusiasmus an awer och op eng ganz sensibel Aart a Weis. Et kann ee sech richteg gutt virstelle, wéi d’Komponistin déi Wierker geschriwwen an all hir eegen Emotiounen an Erfarungen an d’Musek mat abruecht huet.

Um Album ass ee Sträichquartett an ee Pianosquintett, an ee Wierk huet einfach nëmmen ee polneschen Titel: “W polu lipeńka”. Dat ass ee polnescht Vollekslidd, dat iwwersat “Den Zitrounebam um Feld” bedeit. Et ass e Wierk voller Melancholie, mat Elementer aus der Natur. Wat besonnesch ass: hei spillen d’Museker:inne net nëmmen op hiren Instrumenter, mee si sangen och op Polnesch.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Ode to Mother Nature | © Bruno Bonansea

Ode to Mother Nature

E gudden Album fir e gudden Zweck
headphones

19 min

play_arrow
D'Integral vum Couperin senge Stécker fir Clavecin

D'Integral vum Couperin senge Stécker fir Clavecin

De spueneschen Cembalist Yago Mahúgo huet wëlles all d'Stécker fir Clavecin vum franséische Komponist opzehuelen. Insgesamt sinn 11 Alben geplangt.
headphones

6 min

play_arrow
En Album voller Libeserklärungen! | © Julie Cherki

En Album voller Libeserklärungen!

"Ma dit Amour" ass de neisten Album vun der jonker franséischer Operesängerin Julie Roset, zesumme mat der Pianistin Susan Manoff.
headphones

9 min

play_arrow
Spuenesch Piano Quartetter mat brillantem Live Charakter

Spuenesch Piano Quartetter mat brillantem Live Charakter

Den Trio Lirica an den Ausnampianist Josu de Solaun presentéieren op dësem Live Album spuenesch Éischtopféierunge mat deels däitschem, deels franséisch spéitromanteschem Charakter.
headphones

15 min

play_arrow
Nei Produktioun vun der Tabea Zimmermann mam Ensembel Resonanz

Nei Produktioun vun der Tabea Zimmermann mam Ensembel Resonanz

D'Tabea Zimmermann schafft reegelméisseg mam Hamburger Ensembel Resonanz zesummen - esou och fir eng nei Opnam mat Wierker vu George Enescu a Benjamin Britten.
headphones

15 min

play_arrow
Songs without words

Songs without words

Dee jonke Klarinettist Raphaël Sévère huet sech mam Pianist Adam Laloum zesummegedoen a presentéiert een Album, dee sech mat Villfältegkeet an déi däitsch Romantik stierzt.
headphones

17 min

play_arrow
Den Cello aus senger Komfortzon geholl! | © Nicolaj Lund

Den Cello aus senger Komfortzon geholl!

Den Cello verbënnt een dacks mat sengem waarme Klang - d'Amalie Stalheim aus Norwege beweist, datt et och ganz virtuos a mat ville komplexe moderne Spilltechnike geet.
headphones

12 min

play_arrow
"The Bells" a "Falstaff"

"The Bells" a "Falstaff"

De leschte Plackespiller fir 2025: Grouss spéitromantesch Sinfonik a Chouergesank mam Royal Philharmonic Orchestra, mam Philharmonia Chorus, ënner dem Vasily Petrenko
headphones

14 min

play_arrow
“All Saache kläre sech mat der Zäit op” | © Anders Vranken

“All Saache kläre sech mat der Zäit op”

Den neien Album vum jonke flammännesche Pianist Mattias Devriendt stécht voller Hoffnung a Léift - fir d'Musek awer och fir säi Publikum a seng Nolauschterer.
headphones

17 min

play_arrow
"Herstory": 1 Album, 10 Komponistinnen | © Andrej Grilc

"Herstory": 1 Album, 10 Komponistinnen

Déi éisträichesch Pianistin Mitra Kotte presentéiert an hirem neien Album ee Joerhonnert voller inspiréierender Komponistinnen.
headphones

13 min

play_arrow
ROmerican Avant-garde

ROmerican Avant-garde

Deen neien Album vum jonke rumänesche Pianist Dinu Mihăilescu, dee Musek aus Rumänien an aus den USA matenee verbënnt.
headphones

19 min

play_arrow
Offenbach Colorature | © Alpha Classics

Offenbach Colorature

En Hommage un eng aussergewéinlech Sängerin
headphones

14 min

play_arrow
Magesch Trompett mat der Tine Thing Helseth | © Anna-Julia Granberg

Magesch Trompett mat der Tine Thing Helseth

D'Tine Thing Helseth ass eng weltbekannten norweegesch Trompettistin. Elo huet si zesumme mam Bergen Philharmonic Orchestra vun Norwegen en neien Album erausbruecht.
headphones

14 min

play_arrow
E Jubiläumsalbum à la française

E Jubiläumsalbum à la française

Den Orchester Les Siècles mat franséischer Musek vun Debussy, Lalo, Roussel an Dukas
headphones

12 min

play_arrow
Stilsécher a virtuos | © Grand Piano

Stilsécher a virtuos

De Joachim Raff schreift vun 1857 u sechs Suitten, déi déi südkoreanesch Pianistin Hyelim Kim elo op hirer neister Produktioun erausbruecht huet.
headphones

1 min

play_arrow
Stilsécher a virtuos | © Grand Piano

Stilsécher a virtuos

D'Pianistin Hyelim Kim interpretéiert 3 Pianossuite vunm schwäizer Komponist Joachim Raff
headphones

10 min

play_arrow
Bach in Italy

Bach in Italy

De neien Album vum Ensembel Gli Incogniti ënner der Leedung vun der Geiistin Amandine Beyer exploréiert dem J.S. Bach seng Faszinatioun fir déi italienesch Musek
headphones

10 min

play_arrow
Arirang - En Album dee Mënschen zesummebréngt

Arirang - En Album dee Mënschen zesummebréngt

De jonke koreanesch-kanadeschen Cellist Daniel Hamin Go huet elo säin Debut Album erausbruecht. Net eleng, mee zesumme mat villen anere Museker:innen, zemools vun Toronto a Kanada.
headphones

10 min

play_arrow
Rupert's Tear

Rupert's Tear

Wat huet d’Konscht vun der Glasbléiserei mat Musek ze doen?
headphones

15 min

play_arrow
Den Zitrounebam um Feld

Den Zitrounebam um Feld

Deen neien Album vum Karski Quartett mat Musek vun der polnescher Komponistin Grażyna Bacewicz
headphones

19 min

play_arrow