"Arirang", dat ass een traditionell koreanescht Vollekslidd, wat souguer dacks als inoffiziell Nationalhymn ugesi gëtt. Doranner geet et ënnert anerem em Verlaangeren, Trennung, Hoffnung an Heemescht. Dat ass ganz passend als Titel fir eisen aktuelle Plackespiller, well den Cellist Daniel Hamin Go, deen am Mëttelpunkt vum Album steet, huet 2021 per Uruff matkritt datt säi Papp u COVID verstuerwen ass, an dat 5600 Kilometer wäit ewech. Déi perséinlech tragesch Erfarung huet hien unhand vun dësem Album verschafft. Dem Daniel Hamin Go ass et nämlech wichteg, Musek mat engem klore Message an enger Bedeitung ze verbannen: Mënsche verbannen a bei alle Situatioune fir si do sinn.
An dee Message iwwerdréit hien net eleng, mee zesumme mam Pianist Benjamin Smith a mam Theorbist Jonathan. Dann ass och nach d'Yemel Philharmonic Society dobäi, ee koreanesch-kanadeschen Amateurs-Chouer vun Toronto, an "The Gil Ensemble". Deen huet den Cellist selwer gegrënnt, an dat sinn zemools Studente vun der "Glenn Gould School" a vun der University of Toronto.