De Johann Sebastian Bach war zwar ni an Italien, mee hien hat eng déif Bindung zu der musekalescher Kultur aus deem Land. An hirem neien Album Bach in Italy weist den Ensembel Gli Incogniti ënner der Leedung vun der Geiistin Amandine Beyer, wéi de Bach vun italieenesche Komponiste wéi dem Antonio Vivaldi oder dem Alessandro Marcello beaflosst gouf.
Déi musikalesch Analogien déi si gemaach huet fir d’Konzept vum Programm op d’Been ze stellen, vergläicht d'Amandine Beyer mat engem “bain de lumière”. Si benotzt de Champ Lexical aus der Physik fir hir intensiv Erfarung mat der Musek ze beschreiwen: “le vocabulaire physique s’adapte parfaitement à ce que je perçois quand je retrouve un éclat de Vivaldi dans une phrase de Bach, comme dans le Concerto pour trois violons, ou une étincelle dans le débit des doubles croches du Concerto a cinque de Benedetto Marcello,”.