D'Tine Thing Helseth ass ee richtege Superstar aus Norwegen. Déi weltbekannten Trompettistin trëtt net nëmmen als Solistin op, mee och zesumme mat Orchesteren a mat hirem eegenen Ensembel. Deen ass no hir benannt: "ten Thing". Dat ass een 100 prozenteg weibleche Brass Ensembel. Et sinn 10 Musekerinnen, déi zesummespillen, eppes wat et net esou dacks gëtt. An dobäi kënnt och nach, datt déi 10 super gutt Frëndinne sinn.
Den 3. Oktober huet d'Tine Thing Helseth en neien Album erausbruecht, mam Titel "Echoes". Net mat hirem Ensembel, mee mat engem Orchester, deen och aus Norwege kënnt. Et ass de Bergen Philharmonic Orchestra. Dee kënnt vu Bergen, der zweetgréisster Stad vun Norwegen, déi un der Westküst vun Norwege läit. Dat ass eng Plaz mat ganz besonnesche Landschaften. Bergen läit nämlech tëschent siwe Bierger, dohier dann och den Numm. Et ass och eng ganz beléifte Plaz fir Wanderer an Naturmënschen. An net nëmmen d’Bierger si sou besonnesch, mee och all d’Fjorde vu Bergen, déi si weltberüümt. Definitiv Landschafte fir ze dreemen, an dat ass och de Fall bei der Musek op dësem Album. Am Fokus stinn dräi Komponisten. Net aus Norwegen, mee aus Armenien, Polen a Russland.