“ROmerican Avant-Garde” ass den Titel vum neien Album vum Dinu Mihăilescu. Dee jonke rumänesche Pianist huet an der Schwäiz studéiert a lieft zanterhier och do. Wéi den Titel vum Album verréit, ass et e musikalesche Mix aus Rumänien an aus den USA, e Mix deen een net dacks zesummen héiert.
Ufänke mécht den Album mat engem Wierk vum John Cage, engem vun de berüümtsten amerikanesche Komponiste vun der Avant-garde. Bekannt ass hien zemools fir seng dacks experimentell an elektroakustesch Musek, mee hei entdeckt een hien awer vun enger anerer Säit. "In a Landscape" ass gepräägt vun enger meditativer a minimalistescher Atmosphär an huet en Touch Erik Satie u sech.
De Rescht vum Album ass ee spannende Wiessel aus rumänescher an amerikanescher Musek, vu bekannte Komponiste wéi och manner bekannten.