Souguer fir Chrëschtdag ass eppes dobäi! Den Album fänkt u mat de "Silver Sleigh Bells" aus dem Rachmaninoff sengem Wierk "The Bells". An der 4-deeleger Kompositioun spillt net nëmmen de Royal Philharmonic Orchestra, mee och de Philharmonia Chorus huet hei eng bedeitend Roll, nieft den dräi Soliste Mirjam Mesak, Pavel Petrov a Andrii Kymac. Eng lieweg Interpretatioun mat gudder Prioritéitesetzung bei der Balance vun de Stëmmen, a waarmen Timber vun de Solisten.
“Fallstaff“ begeeschtert duerch flësseg Tempi an engem Klangbild mat Déift, dat den Orchester als gemeinsam Unitéit erklénge léisst.
De Christophe Mirkes huet d'Produktioun erausgesicht a stellt se vir.