Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Franz Schubert - Sinfonie Nr.5 a Si bémol Majeur, D. 485, I. Allegro - Concentus Musicus Wien, Stefan Gottfried (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Resonanzen

digital-library / Resonanzen

/ Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Déi zweet Editioun vum Prix Anne et Françoise Groben war den Donneschdeg Owend (14.11.) an der Philharmonie, an déi huet d'Ekipp vum opus 100,7 souwuel op der Bün wéi och um Radio moderéiert.
Déi ganz Finall kann een an der Mediathéik nokucken.

Den Dag drop gouf et dann e weidere groussen Optrëtt an der Philharmonie. Do huet de jonke Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker gespillt. Um Programm stoungen d'Rokoko-Variatioune vum Tchaikowsky - dat Wierk, wat dee jonken Cellist och schonn 2017 an der Finall vun der éischter Editioun vum Prix Anne et Françoise Groben opgeféiert huet.
Dee Concert kann een och an eiser Mediathéik nolauschteren.

Haut (17.11.) um 5 Auer ass dann e Concert mat der Luxembourg Philharmonia an engem jonke Pianist am Centre Culturel Machera zu Gréiwemaacher. Solist um Piano ass de Johan Perdigão an am Mëttelpunkt vum Concert steet dem Robert Schumann säi Concerto fir Piano.

Da stelle mir och nach eisen neie Klassik Album vun der Woch vir: "Glass Two", deen neien Album vum Pascal Schumacher an der Danae Dörken. Dorop spillen de Lëtzebuerger Vibraphonist an déi däitsch-griichesch Pianistin Wierker vum Amerikaner Philip Glass an och eege Kompositioune vum Pascal Schumacher.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

D'Marie Trussart féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech a Chrëschtdagsstëmmung.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

De Christophe Mirkes féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik. Och vum opus 100,7 gëtt et Neiegkeeten: en neie Podcast!
headphones

60 min

play_arrow
rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent

rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent

E Bléck op d'Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik.
headphones

60 min

play_arrow
Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

E Réckbléck op de Prix Anne et Françoise Groben 2024, ee Concert mat engem jonke Pianist, an den neie Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin

Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin

E Bléck op déi 40. Editioun vum Concours Jeunes Solistes vun der UGDA, de Prix Anne & Françoise Groben an den neie Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik
headphones

60 min

play_arrow
En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der klassescher Musek

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der klassescher Musek

D’Kammerata Lëtzebuerg, den Ensembel Lucilin op den Donaueschinger Musiktage, Live-Musek aus der Philharmonie ian eng nei "The Dora Journey"-Podcast-Folleg
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen mam Christophe Mirkes

Resonanzen mam Christophe Mirkes

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik mam Christophe Mirkes.
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Resonanzen op Pappendag
headphones

60 min

play_arrow
Wou sinn d'Fraen an der klassescher Musek?

Wou sinn d'Fraen an der klassescher Musek?

Ënner anerem ëm dës Fro geet et an dëser Episod.
headphones

60 min

play_arrow
Ee Summer mat 5 neien CDe vu Lëtzebuerger Artisten

Ee Summer mat 5 neien CDe vu Lëtzebuerger Artisten

Fir de Start vun der neier Saison vu Resonanzen hu 4 Leit aus der Klassikredaktioun an déi nei Lëtzebuerger Albumen eragelauschtert.
headphones

60 min

play_arrow