Resonanzen
/ Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik-Album vun der Woch
Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik-Album vun der Woch
60 min

1Noël en lumière 2.0
Dëse Sonndeg, 15. Dezember, wäert d’Kierch zu Dikrech an e Liichtspektakel tauchen. Um 17 Auer kann een do e Chrëschtconcert lauschteren a kucke goen. Awer kee gewéinleche Concert, mee een, dee sech vun deenen aneren ofhieft. Beim “Noël en lumière 2.0” komme ganzer véier Chéier zu engem Ensembel zesummen, begleet vun engem Harmonium, enger Uergel, engem Piano an engem Blechbléiserquintett vu Paräis. D'Michelle Barthel ass an déi alleréischt Prouf kucken a lauschteren.
2. Chrëschtprogramm um opus
Haut (15.12.) ass den 3. Advent an domat sinn et nëmmen nach 2 Woche bis Chrëschtdag. Wärend der Chrëschtzäit gëtt et um opus e ganz passende Programm. De Freideg 20. Dezember iwwerdroe mir den traditionelle Chrëschtconcert live aus der Philharmonie. Et ass e Concert mat 100 Prozent Chrëschtstëmmung, ënner anerem mat "Jingle Bells", "Feliz Navidad" an och "An der grousser hell'ger Nuecht". An och soss ginn et um opus iwwer d'Feierdeeg vill Concerten, déi gutt an d'Chrëschtzäit passen. Mat dobäi ass en Optrëtt mam Tschaikowsky sengem “Nussknacker” an och ee mat bekannte Stécker aus Chrëschtdagsfilmer. An de 25. a 26. Dezember kënnt Dir och e puer Concerten aus Lëtzebuerg lauschteren.
3. Klassik-Album vun der Woch: Polnesch Romantik mam Meccore String Quartet
D'Vilma von Webenau huet hiert Liewe laang a relativer Aarmut gelieft a gouf vun de Wiener Institutioune ni akzeptéiert. Bis 2019 war si quasi onbekannt. Am Kader vun enger Studie iwwer dem Arnold Schönberg senge Schülerinne gouf méi iwwer hiert Liewen erausfonnt. Den neien Album vum Pianist Oliver Triendl, zesumme mat der Nina Karmon op der Gei, dem Stefan Fehlandt op der Braatsch an dem Alexander Hülshoff um Cello léisst Iech d'Musek vun dëser vergiessener Komponistin erëmentdecken.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden

Resonanzen
2 Lëtzebuerger Concerten an de Klassik Album vun der Woch

Dräi nei Alben an de Pianosfestival Ravel +
D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Klassikwelt mam Marie Trussart.

Zwee nei Lëtzebuerger Disken an zwou Concertsrecommandatiounen
D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Klassikwelt mam Christophe Mirkes.

Lëtzebuerger Young Artist of the Year an nei Produktiounen
De Lex Kauffmann begleet Iech mat Musek an News aus der Klassik duerch de Sonndeg-Nomëtteg.

E Gebuertsdag an eng grouss Neiegkeet
D'Marie Schockmel begleet duerch Resonanzen.

Klassesche Start mat Resonanzen an d'Joer 2025
Den Neijoerschconcert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker live um 100,7/ Lëtzebuerger Produktiounen aus 2024 / Hanner den Téin - Episod 2 mat der Cathy Krier / RMVA 2025, d'Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette

Lëtzebuerger Alben am Réckbléck
An der leschter Emissioun vum Joer presentéiert d'Klassikredaktioun hir Coup-de-Coeuren aus 14 verschidde Lëtzebuerger Disken.

Chrëschtdags-Stëmmung, nei Produktiounen an ee Lëtzebuerger Uergelbauer zu Paräis
Resonanzen mam Lex Kauffmann

Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik-Album vun der Woch
D'Marie Schockmel féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech schonn a Chrëschtdagsstëmmung.

D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe
D'Marie Trussart féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech a Chrëschtdagsstëmmung.

Resonanzen
De Christophe Mirkes féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik. Och vum opus 100,7 gëtt et Neiegkeeten: en neie Podcast!

rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent
E Bléck op d'Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik.

Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist
E Réckbléck op de Prix Anne et Françoise Groben 2024, ee Concert mat engem jonke Pianist, an den neie Klassik Album vun der Woch

Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin
E Bléck op déi 40. Editioun vum Concours Jeunes Solistes vun der UGDA, de Prix Anne & Françoise Groben an den neie Klassik Album vun der Woch

Resonanzen
En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der klassescher Musek
D’Kammerata Lëtzebuerg, den Ensembel Lucilin op den Donaueschinger Musiktage, Live-Musek aus der Philharmonie ian eng nei "The Dora Journey"-Podcast-Folleg

Resonanzen mam Christophe Mirkes
En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik mam Christophe Mirkes.


Resonanzen
Resonanzen op Pappendag

Wou sinn d'Fraen an der klassescher Musek?
Ënner anerem ëm dës Fro geet et an dëser Episod.
- 1
- 2