Passio
Den Ensemble Vocal du Luxembourg séngt den Ofschlossconcert vum Echter’Classic Festival. Deen ass de Sonnden (12.10.) de Mëtten um 5 Auer am Trifolion. D’Haaptwierk um Programm ass eng Johannespassioun, allerdéngs net déi vum Bach, mee déi vum Alessandro Scarlatti. Mat dobäi ass den Ensemble "L'arpa festante", dee sech op déi historesch Opféierungspraxis spezialiséiert huet. En Orchester, mat deem den EVL schonn eng gemeinsam Geschicht huet, wéi den Dirigent Matthias Rajczyk verréit.
Plackespiller
De Gabiz Reichert gouf 1994 an der Schwäiz gebuer an huet no sengem Debutalbum 2021 dëse Summer seng zweet Produktioun erausbruecht.
Et ass e Konzeptalbum mam Titel “Rupert’s Tear”. Ënner deem Fachbegrëff versteet ee Glas an der Form vun enger laanggezunner Drëps. Ënnen ass de ronnen, robusten Deel, an uewe verdënnt sech deen zerbriechlechen Deel bis u säin Enn. Dëst Bild benotzt de Schwäizer Pianist als Metapher fir den ausgewielte Repertoire um Album. Musikalesch Wierker géingen dacks mat vill Sécherheet “benotzt” ginn - dat wier de robusten Deel vun der Drëps. Mee wann ee probéiert dës Wierker ze definéieren, da géing een awer mierken, datt keen esou genee weess, wat déi Wierker eigentlech sinn - domat wier een da ganz séier beim zerbriechlechen Deel.
Et ass genee dee Géigesaz, deen de Gabiz Reichert duerch al an nei Beaarbechtunge vu Wierker vu Bach a Schumann weist. Ergänzt gëtt d’Konzept vu 5 méi kuerze Rachmaninoff-Stécker.
Häerzstéck
Mir stellen Iech dem Pjotr Iljitsch Tschaikowksi seng 6. Sinfonie a Si Mineur vir, e Wierk, dat emotional richteg déif geet. Net fir näischt gëtt et och “Pathétique” genannt, ofgeleet vu Pathos. Soumat verweist den Titel op déi déifgräifend Emotiounen an intensiv Leidenschaft, déi an der Musek ausgedréckt ginn.
D’Sinfonie Nr. 6 gëllt als ee vun de ergräifendsten an trauregste Wierker vum Tschaikowksi. Vum éischte bis zum leschten Toun vermëttelt se eng emotional Rees tëschent Melancholie, Eleganz, an Opbrochstëmmung. Mee virun allem den däischteren a rouege Saz zum Schluss, dee vu Lamentatioun a Leed gepräägt ass, bleift laang um Häerz hänken. Duerch dëse leedvolle Schluss, déi emotionale Kontraster an déi duerchdréngend Däischtert ass d’Sinfonie esou aussergewéinlech a faszinéierend. A soumat ass et wuertwiertlech en Häerzstéck.
Méi doriwwer gitt Dir am Gespréich tëschent dem Cindy Reuter an dem Lex Kauffmann gewuer.