Dëse Sonndeg ass den 222. Gebuertsdag vun der franséischer Romantikerin Louise Farrenc. Hire Gebuertsdag feiere mir an der haiteger Resonanzen-Playlëscht mat Musek aus hirer éischter Sinfonie.
Wéi eng Noriichten aus der Klassik hunn eis soss nach iwwer d'Péngschtvakanz erreecht? Dat gitt Dir gewuer a Begleedung vun der schéinster klassescher Musek.