Radioen

On air

De barocke Moien  |  Georg Friedrich Händel, Georg Philipp Telemann - Concerto A Quattro a Ré Mineur, IV. Allegro - Ensemble Bradamante

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Orpheus britannicus

Orpheus britannicus

De Gebuertsdag vum Henry Purcell

Mondschein

D'Beethovenfest 2019 zu Bonn

Den internationalen Uergelfestival 2019 zu Diddeleng

Um Programm: e Concours, eng Masterclass, eng Nuit d'Orgue an zwee Récitalen

Den internationalen Uergelfestival 2019 zu Diddeleng

Um Programm: e Concours, eng Masterclass, eng Nuit d'Orgue an zwee Récitalen

E grousst Fest

De Festival Berlioz zu La Côte-Saint-André (17.8. bis 1.9.2019)

Exigent vis-à-vis vu sech an dem Orchester

Den Dirigent Christoph von Dohnanyi kritt 90 Joer.

E grousst Fest

De Festival Berlioz zu La Côte-Saint-André (17.8. bis 1.9.2019)

Vu Renaissance bis Jazz

Bei sengem Optrëtt um Konz Musik Festival proposéiert den OPL Brass Ensembel e Programm mat vill Ofwiesslung.

Vu Renaissance bis Jazz

Bei sengem Optrëtt um Konz Musik Festival proposéiert den OPL Brass Ensembel e Programm mat vill Ofwiesslung.
Moments Musicaux: Wéi geet et weider?

Moments Musicaux: Wéi geet et weider?

Nodeems de Buedem an der Paterekierch gebascht ass a Renovatioune virun der Dier stinn stellt sech d'Fro no der Editioun 2020.

"Meine Sachen sind mir lieber"

Den 195. Gebuertsdag vum Anton Bruckner
Moments Musicaux: Wéi geet et weider?

Moments Musicaux: Wéi geet et weider?

Nodeems de Buedem an der Paterekierch gebascht ass a Renovatioune virun der Dier stinn stellt sech d'Fro no der Editioun 2020.

Vivaldi Reloaded

Le Concert de l'Hostel Dieu proposéiert souwuel Stécker vum Vivaldi, wéi och zäitgenëssesch Kompositiounen op historeschen Instrumenter.

Den eegenen Nowues forméieren

Lancement vun der Orchesterakademie bei de Wiener Philharmoniker

Vivaldi Reloaded

Le Concert de l'Hostel Dieu proposéiert souwuel Stécker vum Vivaldi, wéi och zäitgenëssesch Kompositiounen op historeschen Instrumenter.

Den Orgelsommer 2019

De Festival am Landeskreis Saarlouis gouf vum Organist an Dirigent Joachim Fontaine gegrënnt.

Plácido Domingo sengt trotz Virwërf an der Staatsoper zu Wien

Noriichten aus der Welt vun der klassescher Musek

Den Orgelsommer 2019

De Festival am Landeskreis Saarlouis gouf vum Organist an Dirigent Joachim Fontaine gegrënnt.

Eng nei Bühn fir d'Käercher Schlass

D'Aweiungsfeierlechkeete si vum 13. bis de 25. September 2019.

Eng nei Bühn fir d'Käercher Schlass

D'Aweiungsfeierlechkeete si vum 13. bis de 25. September 2019.