Die Sehnsucht nach dem Süden

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy. De Pierre Kremer, Trompettist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.


Tickete ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.


Episoden

Kompositiounsconcoursen zu Tréier an zu Berlin

Am Concours Wilde Lieder - Marx.Music goufen d'Gewënner verëffentlecht. Déi polnesch Komponistin Agata Zubel gouf mam Europäesche Komponistepräis 2018 ausgezeechent.

Onermiddlechen Ensembel Artemandoline

Vakanzenzäit gëtt et fir vill Museker keng. Artemandoline schafft weider un zwou neien CD-Produktiounen.

De Karl Marx a Musek, eng Oper, an en Direktiounsconcours

Nouvellen aus der Welt vun der klassescher Musek

La Traviata als Ouverture vun der neier Saison zu Saarbrécken

Première e Sonndeg 26.8.2018 vun der "Traviata" vum Verdi zu Saarbrécken am Staatstheater.

E Rekord-Präisgeld, en neie Label an eng ëmstridde Première

Nouvellen aus der Welt vun der klassescher Musek
Die Entführung aus dem Serail, upgedatet

Die Entführung aus dem Serail, upgedatet

Première am Zeltpalast Mertzig ass den 17.8.2018. D'Oper "Die Entführung aus dem Serail", vum W.A. Mozart bleift awer op der Affiche bis den 9. September 2018.

En Cello, eng Opnam an elektronesch Partituren

Nouvellen aus der Welt vun der klassescher Musek

De Rossini a seng Petite Messe Solennelle

Am Kader vum Mosel Musikfestival, de Samschdeg 18.8.2018 um aacht Auer an der Porkierch St. Paulin zu Tréier.

Erënnerung un de Jules Massenet

13. August, Doudesdag vum Jules Massenet. D'Festpiele Erl am Viséier vun der Finanzpolizei.

En Erliefnis fir d'Komponistin Tatsiana Zelianko

D'Tatsiana Zelianko war am Mëttelpunkt vum Museksfestival Ouessant.
headphones

13 min

play_arrow

Wa Musek lauschteren an de Prisong féiert

16 Joer laang eng Arie haart opdréie, kéint an der Slowakei eng Fra dräi Joer Prisong kaschten.

Kreativitéit ass Tromp

Den Trio O3: Lydie Thonnard (Flütt), Eugénie Defraigne (Cello) a Léna Kollmeier (Piano)

Filmorchester Babelsberg gerett

Fir d'Problemer ronderëm e grousse Chantier a säi Kaméidi ass e Kompromëss an Aussiicht.

Dräimol Berolina Ensemble beim Mosel Musikfestival

Déi 11 Museker goufen 2014 als "Ensemble des Jahres" ausgezeechent.

Pianist a Komponist

Den Thomas Larcher kritt den Ernst-Krenek-Präis vun der Stad Wien.

Zeréck op Start

De Pianist Kit Armstrong mam Programm "Reflektionen über Bach" zu Tréier

De Gewënner kënnt aus der Ukrain

Den Dmytro Choni kritt den éischte Präis beim Pianosconcours zu Santander.

Concerti Napoletani per Mandolino

Deen neien Disk vum Barockensembel Artemadoline

Schluss an Ufank

Den Enn vum Enoch zu Guttenberg senger Chouergemeinschaft Neubeuern. A Kroatien entsteet en neie Festival: den Olive Classic.

E Festival fir Komponistinnen

Zu Ouessant an der Bretagne gëtt et zanter 2001 e Museksfestival fir Komponistinnen. Dëst Joer kënnt d'Tatsiana Zelianko zu Éieren.
headphones

10 min

play_arrow