Die Sehnsucht nach dem Süden

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy. De Pierre Kremer, Trompettist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.


Tickete ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.


Episoden

Wat kann e Manager vun engem Dirigent léieren?

D'IMD Business School organiséiert d'Konferenz: "Leading Others - What can we learn from Conductors". Invité ass de Gustavo Gimeno.

Piano of Hope

Den David Ianni geet mat sengem Instrument op Zuchrees.

De Gewënner steet fest

De Bariton Samuel Hasselhorn gewënnt de Concours Reine Elisabeth 2018.

Pärele vun der Chouermusek

De Fréijoersconcert vum Méchelschouer (17.5.2018)

E Schlass voller Musek

Déi véiert Lëtzebuerger Lidderfouer an den nationale Sängerdag am Schlass zu Beefort (12.5.2018)

"Clara!" - eng Kompositiounsrees

E musikalesche Spectacle vun der Catherine Kontz an der Cathy Krier

Concerto Imperiale

Artemandoline am Schlass zu Buerglënster (13.5.2018)

Kuck, wat ech kann

Jonk Talenter op der Bühn vum Stater Conservatoire (13.5.2018)

Lionel Loueke feat. OPL

De Sänger an Jazz-Gittarist trëtt an der Philharmonie op.
Wat gëtt et Neits am Stater Theater?

Wat gëtt et Neits am Stater Theater?

De Programm fir d'Saison 2018/2019

Den John Eliot Gardiner kennt an d'Philharmonie

Zesumme mam Monteverdi Choir an den English Baroque Soloists proposéiert den engleschen Dirigent e Bach-Owend.

They Mysterious Lady

E Live Cinema an der Philharmonie mat Musek vum Carl Davis

De Philippe Schwartz Brass Quartet

Concert, e Sonndeg 6. Mee 2018, zu Menster am Centre Culturel am Kader vu Musek am Syrdall

En Alphorn an der Philharmonie

"Das Alphorn, le cor des alpes", esou de Motto vum Concert de 7. Mee 2018 mat de Solistes Européens
Mirrors

Mirrors

Den Ensembel fir zäitgenëssesch Musek United Instruments of Lucilin proposéiert e Spigel an d'Vergaangenheet.

Eng Première

Den Ensemble vocal du Luxembourg séngt fir d'éischte Kéier dem Mozart säi Requiem.

Gustav Holst

De Komponist vum Mount Mee um radio 100,7

D'Mandolin, en Instrument mat Zukunft

Concert mam Ensemble à plectre vun Esch/Uelzecht an dem Melbourne Mandolin Orchestra Australia (2.5.2018)

Side by Side

Schüler spillen am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.

My Urban Piano

Den David Ianni spillt de Mëtteg (27.4.2018) am Funiculaire.